podcasts.eu.org

Wat s de net sees!

by Radio 100,7 · 50 episodes

News

Website ↗ More by author

Sprooch, Méisproochegkeet, Lëtzebuergesch ... Eng Emissioun fir all sproochbegeeschtert Persoun

Latest episodes

  1. Ech gi kuerz bis aus ... bei Webesch Cam.

    An dëser Episod schwätzt d’Nathalie Entringer iwwer déi verschidden Ausdréck fir eppes, dat dacks bäileefeg a verstoppt, virun allem awer op verschidde Manéieren thematiséiert gëtt…

  2. Eng nei hybrid Ausstellung vum ZLS

    Den ZLS huet seng Ausstellungsoffer ronderëm „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ mat enger neier, hybrider Ausstellung erweidert. D’Soziolinguistin Sarah Muller gëtt Erklärungen zu der ne…

  3. Maja! Majo! A wien hätt dat geduecht?

    Se gi vill gebraucht, mee keen denkt bewosst iwwer hir Bedeitung no. Gemengt sinn hei déi kleng Wierder „maja“ a „majo“, déi an allméigleche Situatiounen opdauchen a ganz ënnerschi…

  4. D’Famill op Lëtzebuergesch

    An dëser Episod vu „Wat s de net sees!“ erkläert den Alex Gillander, wéi een op Lëtzebuergesch déi Leit nennt, mat deenen ee meeschtens ganz besonnesch frou ass an en enke Kontakt…

  5. Ass de Kabel an an an der Rei?

    D’Schreifprogrammer gesi Widderhuelunge vu Wierder an engem Saz heiansdo als méigleche Feeler, obwuel se dacks Sënn maachen. Den Alexandre Ecker beschreift e puer där Fäll méi am D…

  6. Schwätz kee Kabes, du domm Noss!

    An dëser Episod vu „Wat s de net sees!“ mam Sarah Hess a mam Christopher Morse vum ZLS geet et ëm Uebst- a Geméisausdréck, déi benotzt ginn, fir een op eng méi oder manner léif Aar…

  7. Virwëtz mat Äppelschnëtz

    "Virwëtz mat Äppelschnëtz“ a "Véierel op kal Ierbessen“: An dëser Episod mat der Sara Martin vum ZLS geet et ëm Ausdréck, déi een heiansdo ze héiere kritt, wann een ze virwëtzeg as…

  8. Eppes mat Schweppes

    D’Sara Martin schwätzt an dëser Episod iwwer “eppes mat Schweppes“ an déi verschidde Variante vum Sproch, deen een als Kand méi dacks ze héiere krut, wann ee gefrot huet, wat et ze…

  9. Za huet gedanzt wéi d’Fatz um Bengel! E klenge Pronome ganz grouss

    Am Fokus vun dëser Episod steet e klengt awer immens interessant Wuert: "za“ oder och "d’Sau“. D’Nathalie an d’Cally ënnerhale sech doriwwer, wat et mat deem Pronomen op sech huet,…

  10. Wat huet deen eng Nues! Eng sproochlech Wäiprouf

    Dës Kéier sti Wierder am Fokus, mat deenen een op Lëtzebuergesch d’Eegenschafte vun engem Wäin erkläert. Wat schmaacht een, wat richt een? An dësem Episod geet den Armand Becker op…

  11. Elo nei: Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch!

    Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet e Buch geschriwwen. Vill Leit hunn dem ZLS gehollef. D’Buch heescht: “Liicht Sprooch Lëtzebuergesch”. D’Josiane Boever vum ZLS erkl…

  12. Ech, de Jëwwi a meng Wéinegkeet

    D’Sara Martin vum ZLS schwätzt iwwer déi verschidde Méiglechkeeten, déi een am Lëtzebuergeschen huet, fir vu sech selwer ze schwätzen, an erzielt, wat et z. B. mat Ausdréck wéi "de…

  13. Idiolekter: Jiddereen huet een

    An dëser Episod erkläert d’Sarah Muller de linguistesche Begrëff “Idiolekt“. Dëst Wuert setzt sech aus de griicheschen Elementer “idio“ a “lektos“ zesummen an heescht esou vill wéi…

  14. Vun „Taschenueren“ a „Kratzeren“

    An dëser Episod erzielt den Daniel Wagener vum ZLS eis, firwat d’KI sech deelweis nach mam Lëtzebuergesche schwéierdeet. Unhand vun enger KI-generéierter Geschicht gi mer gewuer, d…

  15. Vu Buschtawenzopp, Héngerbritt a Gazpacho

    An dëser Episod erzielt d’Isabel Andrade Bento vum ZLS, wat een esou alles ënner Zopp ka verstoen. Wéini ass eng Zopp eng Zopp? Wat sinn d’Krittären, déi dës Plate mussen erfëllen,…

  16. Vu Muttergottessen a Wollekekrazerten

    Setzt Iech un den Dësch a kuckt Iech d’Läffelsgeschier emol un – mam linguistesche Brëll op der Nues! D’Forschett kënnt aus dem Franséischen, d’Messer aus dem Däitschen. De Läffel…

  17. De Léiw oder de Léif? Eng haart Noss … oder net?

    Bei ville Wierder ass ee sech net sécher, wéi se hanne geschriwwe ginn. Et schreift een nämlech net ëmmer dat, wat een héiert. Ass et “gudd“ oder “gutt“, “e Léiw“ oder “e Léif“, “e…

  18. Lues, d’Miissi mécht grad eng Dada!

    An dëser Episod hëlt d’Nathalie Entringer Iech mat op eng Rees duerch d’Lëtzebuerger Kannersprooch, vun der Miissi iwwer de Brummbrumm bis bei d’Dada. Lauschtert eran, wann Dir méi…

  19. Räifränsch a Rulänner: e sproochleche Bléck op d’Riefzorten

    Riefzort a Cepage, Pinot gris a Rulänner – wat gëtt et Sproochleches iwwer d’Riefzort als Wuert selwer, awer och iwwer déi verschidde Riefzorten, déi een op der Lëtzebuerger Musel…

Nothing playing
0:00 / 0:00