podcasts.eu.org

Level up

by Radio 100,7 · 50 episodes

News

Website ↗ More by author

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.

Latest episodes

  1. Fire Emblem: Fortune’s Weave

    De mëttlerweil schonn 18. Deel vun der Fire Emblem-Réi an et ass en taktesch Fantasy-Rollespill. De Krich tëscht der Mënschheet an der Arméi vum Balor,dem Dämonegott, geet verluer.…

  2. Manor Lords

    An dëser Mëttelalter-Simulatioun baut een säin eegent Duerf op. Dobäi probéiert d'Spill relativ realistesch ze sinn. D'Joreszäiten hunn e groussen Afloss an e puer Technologië ginn…

  3. Onimusha – Way of the Sword

    Ëm d'Videospill-Serie wat et ronn 20 Joer laang roueg, elo ass awer en neit Spill erauskomm, wat der Serie nees neit Liewen anhaucht. De Julien Zigrand huet dat nei Spill aus der A…

  4. The Big Walk: Zesumme geet et besser

    Zesumme mat Frënn entdeckt een eng mysteriéis Insel a probéiert, eng Rei Rätselen ze léisen. Proximity Chat, Walkie-Talkien an aner Hëllefsmëttel maachen d'Kommunikatioun dobäi sel…

  5. Assassin's Creed Black Flag resynced

    Eng nei Versioun, mat besserer Grafik a Performance vum Spill aus der Aassasin's Creed Réi. Als Pirat Edward Kenway seegelt een hei duerch d'Karibik, begéint historesche Figure wéi…

  6. Gutt d'Noriichte fir d'Fans vu Witcher 3

    Witcher 3 kritt eng remastered Versioun an och neie Contenu no 12 Joer, d'Erweiderung "Songs of the Past". Déi iwwerschaffte Versioun kennt den 29. September eraus an ass fir jidde…

  7. Monster Hunter Stories 3: Twisted Reflection

    E Spin-Off vun der bekannter "Monster Hunter"-Rei. Par Rapport zum Haaptspill, jot een hei keng Monsteren, mee déi sinn Deel vum eegenen Team. Et sammelt ee se an et stierzt ee sec…

  8. 007 First Light - Blockbuster fir d'Manett

    Dat neit Bond-Videospill ass e grousse Succès – zu Recht, fënnt den Yves Stephany. D'Spill fillt sech un, wéi en interaktive Film. De Gameplay ass ofwiesslungsräich a kuerzweileg,…

  9. Unreal Engine

    Wann haut e grousst Videospill erauskënnt, leeft hannendrun dacks Technologie vun enger eenzeger Firma: Epic Games. Vill Leit kennen Epic virun allem duerch d‘Videospill “Fortnite”…

  10. Meccha Chameleon

    E Chamäleon passt sech faarweg senger Ëmgéigend un. A genee déi Iddi steet och am Mëttelpunkt vu “Meccha Chameleon”. An dësem Multiplayer Verstoppchesspill moolt ee sech selwer dir…

  11. Metal Gear Solid Delta

    Eng Neioplag vum Videospill "Metal Gear Solid 3", dat 2004 erauskoum. D'Videospill presentéiert e spannenden Agenten-Actionthriller, deen eis mat an 1960er Joren hëlt a real Geschi…

  12. Particulitix

    Explosiounen a ganz vill Géigner gläichzäiteg um Bildschierm. Particulitix ass en Indie Videospill vum Solo Entwéckler Workshop Geek, bei deem een sech duerch riseg Géignerwelle kä…

  13. Vu FIFA zu EA Sports FC: D’Geschicht hanner der grousser Trennung

    Iwwer Joerzéngte war FIFA de Synonym fir virtuelle Fussball. Mee no engem Sträit ëm Milliounen ass d’Partnerschaft tëschent der FIFA an EA zerbrach.

  14. Pragmata - E Shooter, deen net just Pappe begeeschtert

    Pragmata ass en neit Abenteuer-Spill vu Capcom, dat an enger Moundstatioun spillt. Déi gëtt vun enger béiser KI kontrolléiert. Eigentlech hätt de Hugh Williams keng Chance fir vum…

  15. Saros

    An dësem Sci-Fi-Videospill verkierpert een e Söldner, deen als Deel vun enger Expeditioun, rausfanne muss, wat mer der Expeditioun geschitt ass, déi virun hinnen op de Planéit gesc…

  16. Spannend Noriichten aus der Gaming Welt

    De Pierre Bellion presentéiert d'Neiegkeeten aus der Gaming Welt.

  17. Tomodachi Life

    No iwwer 12 Joer ass d'Videospill “Tomodachi Life” zeréck op der Switch. Nees dobäi erëm ee komplett absurden Inselchaos mat den eegene Miis, de Figuren aus dem Spill. Dës Kéier ma…

  18. Spannend Noriichten aus der Gaming Welt

    De Pierre Bellion huet den Datum vun der Verëffentlechung vum Gangster Rollespill "Grand Theft Auto 6", eng Rumeur iwwer en neit "Herr der Ringe"-Spill an e Geheimtipp.

  19. Subliminal

    En Horrorspill mat héijem Usproch: Subliminal hëlt ee mat a verstéierend Raim, vu Poollandschafte bis zu Indoorspillplazen. D'Spill beandrockt mat extreem realistescher Grafik, mee…

  20. Zwee Videospiller am Genre vun 2D- Kampfspiller

    Deen neitsten “Street Fighter“-Deel, nämlech dee 6., deen 2023 erauskoum, a “Guilty Gear Strive”, dee wéi seng Virgänger nees virun allem wéinst der Opmaachung aus der Konkurrenz e…

Nothing playing
0:00 / 0:00