Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
Latest episodes
-
Costa Rica
Mir reesen a Costa Rica, e Land a Zentralamerika tëschent der Karibik an dem Pazifik mat enger beandrockender Natur mat Vulkaner, Reebëscher an enger aussergewéinlecher Biodiversit…
-
Serbien
D’Republik Serbie gëtt et an dëser Form zënter 2006. Serbie läit am d’Häerz vum Balkan, mat senger Haaptstad Belgrad, déi um Zesummefloss vun der Donau an der Save läit. D’Land hue…
-
Aruba
Aruba ass eng kleng Insel an der südlecher Karibik, eng vun den ABC-Inselen, bekannt fir hir wäiss Plagen, türkiist Waasser, vill Sonn, an den Divi-Divi-Bam. Si gehéiert zum hollän…
-
Mauritius
Mauritius ass en Inselstaat am Indeschen Ozean mat 1,3 Milliounen Awunner:innen op 2103 km². D’Land huet eng erstaunlech kulturell Diversitéit. Hei treffen afrikanesch, indesch, eu…
-
Mexiko - 2
Mexiko war eent vun de dräi Ausdroungslänner vun der Fussballweltmeeschterschaft 2026. Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschs…
-
Montserrat
Montserrat ass eng kleng Vulkaninsel an de Klengen Antillen an der Karibik. Si läit südwestlech vun Antigua an nordwestlech vu Guadeloupe an ass mat enger Fläch vun nëmme ronn 100…
-
Trinidad an Tobago
Dës Kéier geet et an d’Karibik, op d’Inselrepublik Trinidad an Tobago. Déi zwou Haaptinselen, nëmmen 11 Kilometer virun der Küst vu Venezuela, ziele ronn 1,5 Milliounen Awunner. D’…
-
Senegal
De Senegal läit a Westafrika um Atlantik, gëtt bal komplett vu Mauretanien, Mali, Guinea a Guinea-Bissau ëmginn an ëmschléisst de klengen Noper Gambia wéi eng Insel am Land. D'Haap…
-
Nationalfeierdag-Spezial 2
Nationalfeierdag gëtt hei zu Lëtzebuerg grouss gefeiert, och schonn um Owend virdrun. Mee wéi ass et an anere Länner, gëtt do och Nationalfeierdag gefeiert? Oder sinn et do aner De…
-
Albanien
Albanie läit am Balkan un der Adria an um Ionesche Mier a grenzt u Montenegro, de Kosovo, Nordmazedonien a Griichenland. Laang Zäit war d’Land bal komplett vun der Welt ofgeschnidd…
-
Kuba
Kuba ass déi gréissten Insel an der Karibik. E Land mat kolonialer Geschicht, Revolutioun, Zigaren, Rum a weltbekannter Musek. Kuba läit tëschent dem Golf vu Mexiko an dem Atlantik…
-
Bulgarien
Bulgarie läit um Balkan, tëscht Rumänien, Serbien, Nordmazedonien, Griicheland an der Tierkei. D’Land um Schwaarze Mier verbënnt osteuropäesch, slawesch an orientalesch Aflëss a ka…
-
Ecuador
Haut entdecke mir e klengt, mee immens villsäitegt Land a Südamerika. Ecuador vereent véier ganz ënnerschiddlech Regiounen: d’Pazifikküst, d’Anden, den Amazonas-Reebësch an d’Galáp…
-
D’Vereenegt Staate vun Amerika
D’Vereenegt Staate vun Amerika sinn eent vun de gréissten an aflossräichste Länner op der Welt. E Land tëscht Kanada a Mexiko, dat sech iwwer méi wéi 4000 Kilometer vun der Ost- bi…
-
Nordmazedonien
Nordmazedonien ass e Binnestaat am Balkan am Südoste vun Europa, deen u Serbien, Bulgarien, Griichenland, de Kosovo an Albanie grenzt. D’Land ass 1991 onofhängeg ginn an dréit säin…
-
Portugal
Mir werfen endlech e Bléck op eng Communautéit, déi Lëtzebuerg wéi kaum eng aner gepräägt huet: déi portugisesch Diaspora. Zanter den 1960er Jore koume vill Portugisen a Portugisin…
-
Russland
Zënter dem 24. Februar 2022 an der Invasioun op d’Ukrain ass Russland definitiv e Land ginn, an deem och vill Landsleit net méi kënnen a wëlle liewen. E puer vun dësen huet et och…
-
Paraguay
Paraguay ass e sougenannte Binnenstaat, also e Land ouni Zougang zum Mier. Et läit tëscht Brasilien, Argentinien a Bolivien. D’Land gëtt duerch de Floss Río Paraguay an zwou grouss…
-
Belarus
Belarus ass en osteuropäesche Binnenstaat, deen u Russland, d’Ukrain, Litauen, Lettland a Polen grenzt. Fälschlecherweis ass dëst Land a villen Schoulbicher nach als Wäissrussland…
-
Ukrain
D’Ukrain ass de 24. Februar 2022 vu Russland iwwerfall ginn, mä eigentlech huet de Krich scho méi fréi ugefaangen. Mat 603.700 km² ass dëst Land mat Ofstand dat gréisste Land an Eu…