Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten, 1 Land.
by RTL Radio Lëtzebuerg · 50 episodes
SocietyCulturePlaces
Kamala Harris oder Donald Trump? De 5. November wielen d'Amerikaner fir déi 60. Kéier hire President. Bis den Election Day stelle mir Iech all Dag een US-amerikanesche Bundesstaat vir, mat skurrile Fakten an de gréisste Museker!
Latest episodes
-
Episod 50: Wyoming, 04/11/2024
Als éischte Staat op der Welt huet d’Parlament vum Territoire Wyoming 1869 dat aktiivt a passiivt Walrecht fir Fraen agefouert.
-
Episod 49: Wisconsin, 03/11/2024
Wisconsin ass ee vun de gréisste Mëllech-Produzenten an dee gréisste Kéis-Produzent aus den USA.
-
Episod 48: West Virginia, 02/11/2024
West Virginia ass dee Bundesstaat mat de mannsten Akademiker an huet ganz vill mat Aarmut ze kämpfen.
-
Episod 47: Washington, 01/11/2024
Wann een alleguer d’Äppel, déi am Washington pro Joer produzéiert ginn, géif niewentenee leeën, kéint een 29 Mol d’Äerd ëmkreesen.
-
Episod 46: Virginia, 31/10/2024
Am 18. a fréien 19. Joerhonnert war Virginia de féierende Staat an der US-Politik.
-
Episod 45: Vermont, 30/10/2024
Vermont huet déi héchste Konzentratioun vun Zockerahorn-Beem an ass domat och dee gréissten Ahornsirop-Produzent aus de Vereenegte Staaten.
-
Episod 44: Utah, 29/10/2024
De Schnéi am Utah ass ee vun deene beschte vun der Welt.
-
Episod 43: Texas, 28/10/2024
Wann een un Texas denkt, kommen engem natierlech direkt Cowboy-Hitt, Barbecue, Äerdueleg an de Sproch "Everything is bigger in Texas" an de Kapp.
-
Episod 42: Tennessee, 27/10/2024
Tennessee krut säi Spëtznumm "The Volunteer State" wärend dem Brittesch-Amerikanesche Krich, dee vun 1812 bis 1815 gedauert huet.
-
Episod 41: South Dakota, 26/10/2024
South Dakota ass virun allem bekannt fir de Mount Rushmore National Memorial.
-
Episod 40: South Carolina, 25/10/2024
South Carolina huet eng essentiel wichteg Roll an der Onofhängegkeetsbeweegung gespillt.
-
Episod 39: Rhode Island, 24/10/2024
Rhode Island ass extrem beléift bei Superräichen: Wou fréier Handelsschëffer duerch déi schwireg Gewässer navigéiert sinn, schmücken haut virun allem déck
-
Episod 38: Pennsylvania, 23/10/2024
Lancaster County, am Süd-Weste vum Pennsylvania, ass déi eelsten Néierloossung vun den Amish People an den USA.
-
Episod 37: Oregon, 22/10/2024
Oregon ass deen eenzege Bundesstaat, deen e Fändel mat zwou verschiddene Säiten huet.
-
Episod 36: Oklahoma, 21/10/2024
Den Numm "Oklahoma" ass eng Kombinatioun aus de Wierder "okla" (Mënschen) an "humma" (rout) aus der Choctaw-Sprooch.
-
Episod 35: Ohio, 20/10/2024
Zu Cleveland am Ohio ass d’Rock and Roll Hall of Fame doheem.
-
Episod 34: North Dakota, 19/10/2024
North Dakota gehéiert zu deene gréisste Grompere-Produzenten aus den USA.
-
Episod 33: North Carolina, 18/10/2024
Deen éischte Gold-Nugget gouf 1799 am Cabarrus County am North Carolina fonnt.
-
Episod 32: New York, 17/10/2024
Am Norde vum Bundesstaat New York leien déi wonnerschéin Niagara Falls, eng Gruppéierung vun dräi Waasserfäll.
-
Episod 31: New Mexico, 16/10/2024
Säi Spëtznumm "The Land of Entchantment" huet New Mexico wéinst senger aussergewéinlecher Natur.