podcasts.eu.org

RTL - Afterwork

by RTL Radio Lëtzebuerg · 100 episodes

Comedy

Website ↗ More by author

Den entspaanten Interview mat Bistrosambiance

Latest episodes

  1. RTL-Afterwork: mam Guy Ludig, 26/10/2026

    De fréieren Direkter vun der 'Lëtzebuerger Revue' iwwer de Superjhemp, d'Gare, d'Arméi, d'Capri-Fischer an dass een um Pissoir déi bescht Geschäfter mécht

  2. RTL-Afterwork: mam Dirk Bockel, 19/10/2026

    De Sportler vum Joer 2013 iwwer den Triathlon, d'olympesch Spiller, laang Hoer, Doppingkontrollen, de Johan Bruyneel, streng Elteren a 60 Sozialstonnen

  3. RTL-Afterwork: mat den Dëppegéisser, 12/10/2026

    Mam Luc a Misch geet et ëm e Loftgewier, Béier a Whisky, Téitschen, e Blinddarm, de Fausti deen se um Pissoir kennegeléiert hunn a Madeleinen vum Léa

    51 min
  4. RTL-Afterwork: mam Arsène Laplume, 05/10/2026

    Déi gro Eminenz hannert dem 'Massen Shopping Center': Iwwer Pinguinen, klore Schnaps, Bayern München a wéi en zu Paräis hallef plakeg an der Gewan stoung

  5. RTL-Afterwork: mam Louis Linster a Njomza Musli-Linster, 28/09/2026

    Si sinn berufflech a privat eng Koppel an zielen iwwer d'Inspekteren vum Guide Michelin, Madeleinen, Clienten, d'Zukunft mat engem Stär méi an d'Léa

  6. RTL-Afterwork: mam Michel Reckinger, 21/09/2026

    de President vun der UEL stoung mam Bono vun U2 op der Bün, brauch beim drénken net ze schlécken an huet seng Fra bei enger Tequila Challenge gewonne

  7. RTL-Afterwork: mam Léon Gloden, 14/09/2026

    Den Inneminister iwwer Alkoholkontrollen, e Chrëschtbeemchen deen gehënnert huet, de Willibrord dee schwätzt, d'Helene a seng mëssgléckten Hochzäitsrees

    47 min
  8. RTL-Afterwork: mam Jörg Kachelmann, 07/09/2026

    De Wiederfräsch iwwer Teleprompter, den Asterix, e Seegelbot, déi Schwäizer Fussballnationalekipp a seng Karriär virun der Zäit als Meteorolog

  9. RTL-Afterwork: mam Goy Feltes, 13/07/2026

    De Fluchkapitän Goy Feltes ass e leidenschaftleche Pilot, deen virun 10 Joer, no 25.000 Fluchstonnen bei eiser nationaler Fluggesellschaft a Pensioun goung

  10. RTL-Afterwork: mam Nora Back, 06/07/2026

    d'Nora Back: Vun der 'Reine des bleus' zur OGBL-Presidentin. Et geet ëm d'Pai, 3 wäiss Kanéngercher an e geklaute Schwan

  11. RTL-Afterwork: mam Carlo Schneider, 29/06/2026

    De Carlo Schneider ass Karikaturist a Cartoonzeechner. Et geet ëm Romantik, speziell Réng, Spullkëschten bei Toilette, Hiewanen an de KARIKATOUR 2026

  12. RTL-Afterwork: mam Jhemp Hoscheit, 22/06/2026

    Den renomméierte Schrëftsteller a Kabarettist iwwer seng laang Zäit bei de Massendénger, d'Beatles, säin 'apprentissage amoureux' an drolegt Lousgléck

  13. RTL-Afterwork: mam Jérôme Beck, 15/06/2026

    Viru 25 Joer huet de Jérôme Beck mat Planet RTL Tëlees-Geschicht geschriwwen. Vum Casting iwwer Coco&Co bis beim Ricky Martin säin Flocki

    52 min
  14. RTL-Afterwork: mam Michel Malherbe, 08/06/2026

    De Mierscher Buergermeeschter behaapt, dass hien e 'Péggi' ass, an seet dass dat munches erkläert. Seng Hënn heeschen Sheila an ass schonn op Kéi geridden

  15. RTL-Afterwork: mam Charel Margue, 01/06/2026

    De fréiere Chef-Meenungsfuerscher vun der ILRES an Deputéierten vun déi Gréng iwwer säin Papp a säin Grousspapp, eng Ruge an der Chamber an e Fussballmatch

    56 min
  16. RTL-Afterwork: mam Laurent Mosar, 18/05/2026

    Den Deputéierten a fréiere Chamberpresident iwwer Piano, Schlager, en ze enke Paltong, de Klitschko an der Sauna, säin Hond a säin Liewen als Influencer

    55 min
  17. RTL-Afterwork: mam Jeff Oberweis, 11/05/2026

    De Patissier-Confiseur zielt, wéi hien Knippercher gestreet hat, seng Mamm de Maître Vogel mam Fausti verwiesselt hat an déi éischt Commande fir den Haff

    54 min
  18. RTL-Afterwork: mam Ali Kaes, 04/05/2026

    Den Ex-député-maire aus der Gemeng Tandel ass duerch de Fussball an d'Gewerkschaft bekannt ginn, an huet d'Deputéiert mat Zoossiss an Eeër agedeckt

    53 min
  19. RTL-Afterwork: mam Carlo Cravat, 27/04/2026

    De Chef vum legendären Hotel an der Stad, iwwer säin Papp, d'Léier an Asien, säin Rolls-Royce, Golf, d'Gëlle Fra a firwat hien un der 'aler Këscht' hänkt

  20. RTL-Afterwork: mam Marc Graas, 20/04/2026

    De Fils vum Gust Graas, Psychiater an Auteur vu Kriminalromaner iwwer d'Äschen vum Schwéierpapp, droleg Fäll, LSD an dass hien als Student schonn Papp gouf

    51 min
Nothing playing
0:00 / 0:00