podcasts.eu.org

RTL - Automag

by RTL Télé Lëtzebuerg · 66 episodes

GamesHobbies

Website ↗ More by author

Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vu Pascal Becker a Serge Pauly.

Latest episodes

  1. Automag: Lotus Eletre

    Lotus geet nei Weeër an huet elo en Elektro Hyper-SUV op de Marché bruecht, deen den Andy Brücker fir den RTL-Automag teste war.

    2 min
  2. Automag

    De Grand-Duc an de Bertrand Piccard am Waasserstoffauto, de Salon vun Tokyo, de Mercedes EQC an de Mitsubishi L200 am Test, an d'Begriefnes vum Automag.

    27 min
  3. Automag

    Island-Roadtrip: Test vum Suzuki Jimny, Ausfluch mat ArcticTrucks op e Gletscher an eng Course vun der Formula Offroad. Donieft: Peugeot 208 & Musée Beaulieu.

    27 min
  4. Automag

    Eng schwaach IAA, e spaassegen Toyota Supra, e brave Skoda Kamiq an den 100. Gebuertsdag vu Citroën.

    26 min
  5. Automag

    Gëtt ee mat 80 PS glécklech? Mir maachen den Test mat Camionette, Moto, Trakter, Hausboot an ULM! Donieft: Test Skoda Scala, Brazzeltag an Autocross.

    29 min
  6. Automag

    De Sherp ass dat aussergewéinlechste Gefier, dat mir bis elo am Test haten. Donieft: 3er BMW, Honda NSX, Dylan Pereira a Goodyear Eagle F1 Supersport.

    32 min
  7. Automag

    Engleschen Drama oder däitsch Sachlechkeet? AstonMartin Vantage oder Porsche 911? Donieft: DS3 Crossback, Ford Weather Factory an déi gréisste Fendt-Sammlung.

    28 min
  8. Automag

    Mir testen den Dacia Duster a Rumänien an de Bentley Continental GT op der Insel. Mir begéinen den Alessandro Zanardi a maachen en Tour iwwert de Genfer Salon.

    28 min
  9. Automag

    Hannert de Kulisse vum Alfa-Musée zu Mailand, de Ford Focus an de Hyundai Kona electric am Test an de Portrait vum Goodyear-Testpilot Christian Franck.

    26 min
  10. Automag

    Mam neie Mazda MX5 um Transfagarasan Highway, de Kia Ceed am groussen Test, eng Stonn mam Ford GT an de Lëtzebuerger Opel-Sammler Jean-Marc Bach.

    27 min
  11. Automag

    Déi puer Highlights vun engem enttäuschende Paräisser Autosalon, de Jaguar I-Pace am groussen Test, den Autojumble vu Beaulieu an d'DJAG Racing bei de 6h Spa.

    27 min
  12. Automag

    Viru 70 Joer goufen déi éischt VW Käfer op Lëtzebuerg verkaaft. Donieft d'Tester vu Peugeot 508, Suzuki Swift Sport, Alpina B5 a BMW M5.

    28 min
  13. Automag

    D'Zylinderhaus zu Bernkastel, de VW Touareg an d'Mercedes A-Klass am groussen Test, d'Zukunftsvisioun autonoomt Fueren a Rallye mam WM-Leader Thierry Neuville.

    28 min
  14. Automag

    Duebeltest BMW X2 & Volvo XC40, Test Hyundai i30N, Hyundai-Entwécklungszentrum um Ring, Mythos Nordschleife a "Mustang Fever" zu Heusden-Zolder.

    27 min
  15. Automag

    Déi wichtegst Neiegkeeten um Autosalon Genève, de Jaguar E-Pace am groussen Test, d'Toyota-Collection zu Köln an e groussen Diesel-Bensin-Elektro-Verglach.

    27 min
  16. Automag

    A Lappland hu mir de Subaru XV getest. Mam RangeRover Velar si mir op London gefuer. Donieft: de London-to-Brighton-Run 2017 an den David Hauser am Portrait.

    29 min
  17. De Magazin - Automag

    E Bléck hannert d'Kulisse vum Autosalon vu Bréissel. Am groussen Test: de klengste Hyundai-SUV Kona.

    20 min
  18. De Magazin - Automag

    Mir probéieren zwee kompakt SUVs: de VW T-Roc zu Lissabon an de Mitsubishi Eclipse Cross zu Barcelona.

    14 min
  19. De Magazin - Automag

    Mam Stinger GT wëllt Kia déi däitsch Konkurrenz picken. Donieft: d'Monkey, e butzege Moto-Oldtimer vun Honda.

    16 min
  20. De Magazin - Automag

    Mir vergläichen zwee kleng Autoen: de Ford Fiesta an de Seat Ibiza. Donieft teste mir de CARLOH, de Stater Carsharing-System.

    14 min
Nothing playing
0:00 / 0:00