podcasts.eu.org

Reen a Bou

by Radio 100,7 · 50 episodes

News

Website ↗ More by author

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.

Latest episodes

  1. Ree wéi laang net méi

    D’Berechnunge vun ufanksder Woch konnten sech duerchsetzen. Iwwert de Weekend gëtt et bis de Sonndegmëtterichteg turbulent zu Lëtzebuerg. Dat duerch vill Reen an och staarke Wand.

  2. Ausbléck op eng dynamesch Woch

    No engem zimmlech kille Weekend ënnersträicht eng erhéicht Déifdrockaktivitéit dës Woch, dass mir mëttlerweil am Hierscht ukomm sinn. Et kënnt mol Beweegung an d’Saach

  3. E kale Weekend steet un

    De wäermsten Dag vun der Woch hate mir en Donneschden, och haut si mir nach am Waarmsektor. Geschwë gëtt et awer op en Neits bis zu 10 Grad méi kal, op d’mannst plazeweis.

  4. D’Loftmasse ginn erëm méi mëll

    Iwwert de Weekend hat sech de Reen nach e bësse gewisen, och vun den Temperaturen hier war et hierschtlech. Wéi et schéngt, gëtt et awer scho geschwënn erëm méi mëll.

  5. Nach bësse Reen iwwert de Weekend

    D’Natur huet sech iwwert de Reen duerch d’Kalfront gefreet, mee och iwwert de Weekend kann et nach heiansdo bëssen naass ginn.

  6. Reen-Hoffnungen e Mëttwoch an Donneschden

    De Bléck an eis Wiederkaarte verréit eis, dass eng nächst kleng Entlaaschtung fir eis vill ze dréchen Natur an de Startlächer steet.

  7. Eng “inoffiziell” sechst Hëtztwell

    Mol erëm eng Kéier geet eng Phas mat vill ze héijen Temperature fir d’Joreszäit op en Enn. Dës Kéier kann ee plazeweis tatsächlech vun enger weiderer vergaangener Hëtztwell schwätz…

  8. De Spéitsummer setzt sech duerch, nach…

    D’Kombinatioun aus engem markante Stuermdéif iwwert dem Atlantik an héijem Loftdrock iwwer Osteuropa suergt fir Loftmassen, déi eis am Héichsummer Temperature vun iwwer 35 Grad bru…

  9. Temperature vu bal 30 Grad am Hierscht

    Dem Wieder ass et egal, dass mir mëttlerweil net nëmme meteorologesch gesinn am Hierscht sinn, mee och zanter dem Mëttwoch am kalendareschen. De Ree feelt, iwwerdeems et erëm summe…

  10. Reendefizit verschäerft sech weider

    D’Grousswiederlag fir déi nächst Zäit weist zwar ëmmer nach e variabele Charakter, an trotzdeem spillt de Reen dobäi keng gréisser Roll.

  11. De Spéitsummer probéiert et erëm

    An de leschte Wochen huet sech de Reen zäitweis konnte weisen, mee wierklech vill koum net erof. Och weiderhin hält en sech bedeckt, iwwerdeems d’Kaarten op en Neits Zenarie mat ze…

  12. De Ree wëll ëmmer nach net esou richteg

    Zwar erreecht eis och an dëser Woch erëm den een oder anere Frontesystem, mee esou richteg naass wëll et awer net ginn.

  13. Ëmmer nach keng grouss Reenzomme fir Lëtzebuerg

    En Dënschden hate mir et mat engem markante Kalfrontduerchgang ze dinn. En typescht Muster fir eng variabel Wiederlag. Dëst heescht allerdéngs net, dass et elo dauerhaft schlecht b…

  14. Den El Ninõ a wéi en sech opeis auswierkt

    Doduerch, dass mir de bis ewell wäermste Summer zanter Opzeechnungen hannert eis hunn, gëtt den El Niño och ëmmer méi staark thematiséiert. Mee ass dësen iwwerhaapt e Produit vum K…

  15. De Summer kënnt nach eng Kéier kucken

    E Freide sträift eis mol nach de Frontesystem vun engem Déifdrockgebitt, ier eis iwwert de Weekend en Héichdrockgebitt eng frëndlech Ofwiesslung bréngt.

  16. Schaarf Grenz tëscht Héich an Déif

    Et leet sech déiwe Loftdrock iwwert de Norde vum Kontinent, iwwerdeems de Süde gréisstendeels vun déiwem Loftdrock dominéiert gëtt. Doduerch entsteet e schmuele Grat tëscht dréchen…

  17. Eng Woch mat vill Beweegung

    An dëser neier Wiederwoch mierke mir zwar, dass de Summer nach net ganz eriwwer ass. Allerdéngs schéngen zur selwechter Zäit d’Zutaten erfëllt fir Reen, mee awer och potenziell Don…

  18. De Summer ass nach net eriwwer

    D’Grousswiederlag versprécht mëttlerweil e méi variabele Verlaf fir déi nächst Zäit. Engersäits ka sech doduerch keng nohalteg Hëtzt-Glack méi forméieren, wat awer e puer eenzel Hë…

  19. Déi gréisst Ëmstellung zanter laangem

    Immens dréchen, mee awer och waarm Konditiounen haten eis an de leschten Deeg ëmmer nach fest am Grëff. Deemnächst ginn d’Temperaturen awer däitlech zréck an och d’Chance fir Ree w…

  20. Nach eng Kéier bal 40 Grad

    Zanter en Donneschden hu mir et mat engem zousätzleche Stouss un hëtzege Loftmassen ze dinn, déi eis direkt aus dem déiwe Süde vum Kontinent erreechen. Dës Zoufuer wäert awer scho…

Nothing playing
0:00 / 0:00